Fir dass aus Onsécherheet net Angscht gëtt. Mä Loscht op Zukunft!
Léif Frëndinnen, léif Frënn,
Vill Mënschen – dir, ech, mir alleguerten – waren a sinn ëmmer nach duerch Corona veronséchert. Mir si veronséchert, well mir net wëssen, wéi laang mir mat dem Virus nach liewen mussen. Mir si veronséchert, well mir eis ëm d’Gesondheet vun eise Léifste Suerge maachen. Muncher ee vun eis vläicht och, well en sech Suergen ëm déi ekonomesch Perspektiven mécht.
Konfrontéiert mat dësem Gefill vun der Onsécherheet hu mer an deene leschten Joren zwou politesch Approchen erliewe kënnen.
Op der enger Säit d’Politik vun der Angscht, Lieblingsinstrument vun allen Populisten an Autokraten vun dëser Welt. Se maachen Angscht virun Terrorismus, Angscht virum Friemen, Angscht virun der Zukunft. Fir si ass Politik: ee géint den aneren, déi gutt géint déi béis, déi di dozougehéieren, géint déi, di gefällegst solle dobaussen bleiwen. E gesellschaftlecht Null-Summespill, wou verschiddener forcement verléieren mussen, fir dass déi aner eppes gewannen.
Mä mat dëser Politik fanne se Schëlleger, awer keng Léisungen.
An dat gesi mir ganz däitlech an der aktueller Kris. Covid-19 huet gewisen, ewéi schlecht Populisten mat den Erausfuerderungen vun eiser Zäit ëmgoe kënnen.
Léif Frëndinnen, léif Frënn,
Ech engagéieren mech an der Politik – an der grénger Partei – well ech – well mir alleguerten - der fester Iwwerzeegung sinn, dass et an der Ausernanersetzung mat der Onsécherheet en anere Wee muss ginn, ewéi dee vun der Angscht.
Onsécherheet entsteet ëmmer do, wou Ongewëssheet fir d’Zukunft besteet.
Et muss eis just bewosst sinn: eréischt d’Ongewëssheet vun der Zukunft ass d’Viraussetzung dofir, dass mir als Mënschen eist Liewen selwer bestëmme kënnen. Dass mir grad elo och d’Chance hunn, aus enger ganz schwéierer Situatioun eraus, eis Zukunft esou ze gestalten, wéi mir se gären hätten.
Virun ongeféier zwee Joer huet sech déi deemools nach 15-jähreg Schülerin Greta Thunberg en Pappschëld selwer gebastelt, op dem stoung «Schoulstreik fir de Klima». Seng Elteren an seng Schoulmeeschter wollten net, dass hatt dat mécht. Awer d’Greta huet et trotzdeem gemaach, An mat dëser Entscheedung huet hatt d’Zukunft verännert. Net nëmmen seng eegen Zukunft, mä d’Zukunft vu Milliounen Schülerinnen a Schüler, déi säitdeem all Freiden op d’Strooss gaangen sinn fir fir hir Iwwerzeegungen ze kämpfen. Dës Beweegung ass grad dobäi, eiser aller Zukunft ze veränneren, well se d’politesch Prioritéitesetzung nei definéieren an well se eis dozou drécken, a Saachen Klimaschutz méi schnell a besser ze handelen.
Dës jonk Mënschen hu gemierkt, dass een eppes zum Gudde beweegen kann. Och an enger onsécherer Welt.
A mir alleguerten kënnen dat. Mir alleguerten kënnen esou eng Entscheedung huelen a soen: Mir gleewen un eis. Mir begréissen, dass eis Zukunft ongewëss ass. Mir begréissen, dass mir se selwer gestalte kënnen!
An do, léif Frëndinnen, léif Frënn, kommen mir gréng an d’Spill.
Well et eis als Partei ëmmer schonn drëms gaangen ass, d‘Zukunft ze gestalten, eis Welt nei a besser opzestellen, zesumme mat de Leit. A mat Asaz a Leidenschaft.
Fir dass aus der Onsécherheet bei de Mënschen keng Angscht entsteet, fir dass mir d’Ongewëssheet vun der Zukunft aushalen, brauchen mir e fest Fundament: Mir brauchen e staarken Staat. Dat hu mir besonnesch an deenen leschten Méint gemierkt. Mir brauchen ee Staat, dee kloer Reegele festleet a se noutfalls duerchsetzt. E Staat, den an d’Zukunft investéiert, An e staarken Sozial- a Gesondheetssystem ënnerhält.
E staarke Staat brauchen mir iwwregens och an eisem Asaz géint d’Klimakris. D’Klimakris ass déi Erausfuerderung vu menger Generatioun. Mir erliewen, ewéi den Verloscht vun eiser Biodiversitéit, massiv Ëmweltverschmotzung an extrem Wiederen eis Liewensverhältnisser veränneren. Mir gesinn, ewéi Mënschen weltwäit duerch de Klimawandel hir Liewensgrondlagen verléieren an zur Flucht gezwongen ginn. Aarmut, Konflikter a Kricher ginn vun der Klimakris befeiert. An dofir ass Klimapolitik ëmmer och Sozialpolitik, ëmmer och Striewen no Fridden a Gerechtegkeet.
Eis gréng Regierungsekipp huet en ambitiéise Klimapak op den Dësch geluecht, den eist Land an d’Klimaneutralitéit féiere soll. Als gréngen verspieren ech eng besonnesch Verantwortung fir matzehëllefen, d’Mesuren aus dem Klimapak ëmzesetzen an d’Leit mat op dee Wee ze huelen!
Léif Frëndinnen, léif Frënn,
Haut mierken mir awer och: e staarken Staat eleng geet net duer. Mir brauchen eng solidaresch Gesellschaft, wou een op den anere baue kann, wou mir d’Vertraue kënnen hunn, net eleng do ze stoen an net fale gelooss ze ginn. Mir brauche Solidaritéit a Kooperatioun. Récksiicht, an och Virsuerg.
Mir brauchen och eng fest verankert Demokratie mat transparenten Institutiounen. Mir brauchen eng politesch Bedeelegung vun de Biergerinnen a Bierger. Mir mussen och als gréng nach méi op si duergoen. Mir mussen als gréng d’Mënschen an d’Zivilgesellschaft op eise Wee an d’Zukunft mathuelen. Nëmmen esou kënnen mir op Dauer eng grouss gesellschaftlech Akzeptanz fir eis progressiv Politik sécherstellen.
An enger Welt, déi ëmmer méi polariséiert ass an wou Onsécherheet riskéiert, eis Gesellschaft ëmmer méi auserneenzedriften, brauch et eng politesch Kraaft, déi zesummeféiert an Gemeinsënn schaaft. Do gesinn ech eng besonnesch Responsabilitéit fir eis Partei. déi gréng als integrativ Kraaft an der Gesellschaft.
Eng integrativ Kraaft, dat heescht fir mech streiden an aner Meenungen aushale kënnen, dat heescht Versönen an Nolauschtere wëllen, dat heescht Gemeinsamkeet am Verschiddenen sichen.
An elo denkt un iech. Denkt un eis Partei. Wisou engagéieren mir eis politesch? Déi eng, well se sech fir Fridden agesat hunn. Déi aner, well se Atomkraaft verhënneren wollten. Nach anerer, well se fir Gläichberechtegung kämpfen. Souvill ënnerscheedlech Motivatiounen an oft och ënnerscheedlech Positiounen. Mä als Partei hu mir et gepackt, eng politesch Kultur ze entwéckelen, déi verschidden Meenungen bestoen léisst, an trotzdeem zu Gemeinsamkeeten fënnt.
Ech wëll zesummen mat iech an dëser Traditioun weiderfueren.
Ech wëll eis Partei nach méi grouss opmaachen fir nei Iddien an nei Leit. Ech wëll zesummen mat iech dofir suergen, dass nach méi Nei-Lëtzebuerger an och Net-Lëtzebuerger bei eis hir politesch Heemescht fannen an sech engagéieren kënnen.
Ech wëll zesummen mat iech déi nei Méiglechkeeten notzen, déi d’Digitaliséierung eis gëtt an déi mir am Confinement ze schätzen geléiert hunn. Fir dass eis Partei nach méi lieweg, nach méi transparent an nach besser vernetzt gëtt.
Ech wëll zesummen mat iech eis parteiintern Organer an virun allem och eis Lokalsektiounen stäerken. Fir deenen Memberen ze hëllefen, déi sech all Dag an den Gemengen- a Schäfferéit, An den Maschinneraim vun eiser Demokratie, asetzen.
Mir maachen dat, als gréng, zesummen, andeem mir openeen oppassen an éierlech matenee sinn.
Mir maachen dat, well mer, als gréng, eis Matmënschen an eis Déieren, eis Natur, eise Planéit gär hunn.
Mir maachen dat, well mir gemeinsam Wäerter an déi selwecht optimistesch Zukunftsvisioun hunn.
Fir dass aus Onsécherheet net Angscht gëtt. Mä Loscht op Zukunft!
Ech sinn den Meris Sehovic, ech sinn 28 Joer jonk, an ech hunn Loscht, zesummen mat eiser staarker Co-Presidentin Djuna Bernard an zesummen mat iech d’Erausfuerderungen vun eiser Zäit unzegoen.
Ech hoffen, dass ech op är Ënnerstëtzung zielen kann!
Ech soen iech Merci.