Gréng ass d’Faarf vum Zesummenhalt
Ee Joer Pandemie huet eis Gesellschaft geprägt. An dëser Krisesituatioun hu mir misse séier reagéieren an och ongewinnt Moossnahmen ergräifen. Dozou gehéiert bis haut och nach d’Aschränken vun verschiddenen Grondfräiheeten. Als gréng ënnerstëtzen mir dës Mesuren, well se néideg sinn fir d’Pandemie am Grëff ze behalen an well mer d’Gesondheet vun eisen Biergerinnen a Bierger schützen mussen.
Als gréng soen mir awer och ganz kloer: et deet eis wéi, wann mir mussen Grondfräiheeten aschränken. Well et ass um Staat, dës Grondrechter ze garantéieren! An der Demokratie sinn Fräiheetsrechter individuell, hir voll Geltung fir jiddfer eenzelnen ass d’Reegel, Aschränkungen mussen d’Ausnahm bleiwen an se sinn an eisem Etat de droit staark begrënnungspflichteg!
Wann d’Aschränkungen kee Bäitrag méi zur Andämmung vun den Infektiounen leeschten, dierfen se net oprecht erhalen ginn! De Staat ass an der Pflicht, d’Viraussetzungen ze schafen, domadder dës Fräiheetsrechter net méi laang ewéi onbedengt néideg ageschränkt ginn.
Anescht ewéi virun engem Joer wëssen mir mëttlerweil méi iwwert de Virus, wéi en sech verbreet an wat mir maachen kënnen fir dat ze verhënneren. Dobaussen ass den Ustiechungsrisk wesentlech méi kleng ewéi dobannen. Do wou d’Gestes Barrières, d’Maskenflicht an d’Distanzreegelen agehalen ginn, do kann Begéinen méiglech. Do wou et sanitär Konzepter gëtt, déi d’Strooss halen, kann den Risk minimiséiert ginn. Dofir ass et wichteg, dass mir dësem Wëssen Rechnung droen an eist Arsenal un Mesuren upassen an differenzéieren.
Mir spieren alleguerten, ewéi sech lues a lues eng gewëssen Pandemiemiddegkeet breet mech. An dësem Sënn kënnen mir vun engem Wonner schwetzen, dass d’Recherche no engem Impfstoff esou séier Friichten gedroen huet an elo direkt eng hallef Dosen vun Vaccinen zur Verfügung stinn, déi eis virum Virus schützen. Dëst Wonner war méiglech, well d’Fuerscher*innen - anescht ewéi muncher vun hiren Regierungscheffen - international zesummengeschafft hunn, an engem Moosstab, den keen historeschen Verglach kennt.
Mat der schrëttweiser Beschleunegung vun der Impfcampagne kënnt och d‘Zäit, fir de Biergerinnen a Bierger eng Perspektiv unzebidden, eng Perspektiv raus aus der Pandemie. Mir dierfen awer net naiv sinn, den Wee raus ass kengeswegs en einfachen. Dofir mussen mir virsiichteg, mä zilorientéiert virgoen, grad mat Hibléck op déi aktuell Zuelen.
Fir dass de Wee raus aus der Pandemie gelengt, spillen nieft der Impfcampagne och d’Schnelltester an d’Selbsttester eng zentral Roll. Si erméiglechen eis eng méi flexibel an eng méi proportionnéiert Approche. Dofir brauchen mir eng kloer definéiert Strategie, déi dofir suergt, dass grouss Quantitéiten vun Tester einfach an natierlech fir jiddereen zu engem akzeptable Präis disponibel sinn. An déi kloerstellt, ënnert ewéi engen Konditiounen dës Tester Fräiheeten erméiglechen kënnen.
Dat nächst Jorzéngt ass entscheedend!
Woe mir zesummen e Bléck iwwert d’Pandemie eraus. Op déi aner, méi laangfristeg a fundamental Erausfuerderungen, déi mir besonnesch déi nächst zeng Joer ugoe mussen: d‘Klimakris an d’Secherung vum gesellschaftlechen Zesummenhalt. Oder an anere Wierder: mir stinn elo virun deem entscheedende Joerzéngt, an deem mir déi sozial—ökologesch Verännerung vun eisem Wirtschafts- a Gesellschaftsmodell wierklech ëmsetze mussen.
De Kampf géint de Klimawandel brauch kloer an ambitéis Ziler. Dofir hu mir gréng eisem Land am leschten Dezember dat éischt Klimaschutzgesetz ginn: 55% manner Emissioune bis 2030, Klimaneutralitéit bis spéitstens 2050. Domat huet de Staat seng Roll iwwerholl a besonnesch de Kader fir d‘Wirtschaft gesat. Jidderee weess elo, wou mir als Gesellschaft higinn, an domat ass kloer, wat de Staat an d’Zukunft ënnerstëtzte wäert a wat net.
Domat weise mir awer och, gréng Politik an eng innovativ Wirtschaft gi laangfristeg Hand an Hand. Ambitiéisen Klimaschutz ass d’Grondlag vum wirtschaftleche Wuelstand haut a muer! Grad mir ënnerstëtzen dofir Entrepreneursgeescht, Kreativitéit a belounen Eegeverantwortung. Wann d’Stolindustrie seet, mir wëllen eis Produktioun bis 2050 duerch grénge Waasserstoff méi emissiounsaarm maachen, mir wëllen hei am Land déi éischt sinn, déi Zero-Carbon-Stol produzéieren, da soe mir: „Mir ënnerstëtzen dat!“ Wann d’Landwirtschaft, wann eis Jongbaueren, wann d’Wënzer soen, mir wëllen qualitativ héichwäerteg Liewensmëttel op eng nohalteg Aart a Weis, am Aklang mat der Natur an ouni Réckgrëff op Chemie hierstellen, mir bauen op lokal a regional Produkter a Vermaartung. Da soe mir: „Mir ënnerstëtzen dat!“ Wann d’Handwierk seet, mir bauen a schaffe méi ressourceschounend a méi energieeffizient, do soe mir: „Mir ënnerstëtzen dat!“ A wann och d’Finanzplaz seet, mir wëlle méi op gréng Investitioune a Fongen setzen, och do soe mir: „Mir ënnerstëtzen dat!“
Mir hunn awer net just kloer Klimaziler gesat, mä mam nationale Klima- an Energieplang gläichzäiteg d’Mesure definéiert, déi mir an deene verschiddene Secteuren ergräife wëllen, fir se ze erreechen.
Besonnesch an der Mobilitéit, dem gréissten C02-Facteur an eisem Land, entwéckelt sech Lëtzebuerg ënnert grénger Verantwortung zu engem weltwäite Leader. Mir sinn am Gaang d’Mobilitéit fundamental nei ze denken hin zu engem Gesamtkonzept, deen assueréiert, datt mir eis méiglechst séier, méiglechst komfortabel a méiglechst klimafrëndlech vun A op B beweege können. Dofir investéiere mir op Rekordniveau an eng multimodal Mobilitéit, an net just an den Tram an der Stad, mä verstäerkt an den Norden, den Osten an an de Süde vum Land.
Zënter dem 1. Mäerz hu mir mat de sektorielle Pläng e Meilesteen fir déi zukünfteg Landesplanung geluecht. Doranner geet et ëm méi abordabel Liewensqualitéit: mir hunn d’Conditiounen geschaf fir Wunnengen fir 50 000 Leit ze bauen, dovunner 30% abordaable Wunnraum. Et gëtt e Kader gesat fir den Ëffentlechen Transport, de Vëlo, d’Elektromobilitéit nach wieder auszebauen. An mir sinn immens frou datt d’Lëtzebuerger no a no op eng klimafrëndlech Mobilitéit ëmklammen. A mat „Luxembourg in Transition“ ass Lëtzebuerg dat éischten Land op der Welt, wat mat groussem Opwand kuck, wéi Lëtzebuerg an den Territoire, deen iwwer Lëtzebuerg eraus eis Economie mat prägt, op d'Klimaneutralitéit kommen.
Lëtzebuerg huet an deene leschten 7 Joer an villen Politikberäicher en Paradigmenwiessel vollzunn, a mir sinn um richtege Wee.
Dat huet rezent eng Etude vun der University of Yale an Zesummenaarbecht mat der University of Columbia och gewisen. An hirem Environmental Performance Index – mat deem gemooss gëtt, ewéi gutt oder schlecht d’Mesüre sinn, mat deene sech d’Länner hiren ëmwelt- a klimapoliteschen Erausfuerderungen stellen – läit Lëtzebuerg 2020 weltwäit op der zweeter Plaz. 2016 nach, ware mir op Plaz 20.
An awer bleift nach vill ze dinn fir eise Wirtschafts- a Gesellschaftsmodell nohalteg a klimaneutral opzestellen. Et bleift een traurege Constat, datt mir och wärend der Pandemie eisen Overshoot Day schonns den 15. Februar erreecht haten. Dofir ass et wichteg, datt mir eis weider déi néideg Moyene ginn fir de Kampf géint de Klimawandel ze gewannen. Dofir brauch et weiderhinn eng staark politesch Ekologie Lëtzebuerg, dofir brauch et weiderhin staark gréng!
Eppes däerfe mir dobäi net vergiessen: Mir wäerte beim Klimaschutz just erfollegräich sinn, wa mir och, wa mir grad déi akommesschwaach Familljen op eisem Wee mathuelen. Esou däerf gréng net just d’Faarw vum Klima- an Ëmweltschutz sinn, mä suerge mir dofir, datt gréng och d’Faarw vum gesellschaftleche Zesummenhalt gëtt.
Loosst eis d’Verantwortung iwwerhuele fir eis Gesellschaft zesummenzehalen, andeems mir eis déi nächst 10 Joer fir méi Gerechtegkeet asetzen. Wéi mir als Parteipresidente schonns am September kloergestallt hunn: mir brauche Verdeelungs- a sozial Gerechtegkeet. Mir brauchen ökologesch Gerechtegkeet, wou deen, dee vill polluéiert, och dofir bezilt. Mir brauche Gerechtegkeet tëschent de Generatiounen.
Am leschte Joer si mir en éischte wichtege Schrëtt a Richtung vun enger sozial-ökologescher Steierreform gaang, mat engem gerechte Präis fir CO2, dee mir besonnesch fir Famillje mat klenge Revenuen sozial ausgeglach hunn. Gläichzäiteg hu mir de Steiersystem duerch d’Zoumaache vu verschiddene Steierschlupflächer méi gerecht opgestallt.
Wann et awer elo déi nächst Joren dorëms geet, d’Käschte vun der Kris ze stemmen, do musse grad déi, déi wärend – oder grad wéinst – der Pandemie grouss Profitter gemaach hunn, hire gerechten Deel dozou bäidroen. Wärend lokal Geschäfter staark ënnert den néidege Mesuren gelidden hunn, sinn Online-Liwwerdéngschter immens gewuess. De gréissten Online-Händler konnt säi Netto-Benefice 2020 bal verduebelen. Dofir begréisse mir d’Fortschrétter, déi an deene leschte Wochen um Niveau vun der EU op der Fro vun der Besteierungvun digitalen Entreprise erzielt goufen.
Trotz dëser Kris musse mir an engem vun de räichste Länner vun der Welt u sech den Usproch hunn, datt et bei eis keng richteg Aarmut däerf ginn. Datt kee Mënsch muss dobaussen op der Strooss schlofen.
Mir wëssen all, datt grad d’Entwécklungen um Wunnengsmaart d’Potenzial hu fir Gëft fir eise soziale Zesummenhalt ze ginn. D‘Hausse vun de Wunnengspräisser an de Loyeren ass den zentrale Motor, deen hei am Land d’Schéier tëschent Aarm a Räich auserneen dreift. Ze laang gouf sech der Illusioun higinn, dass de private Marché eleng dofir suerge kann, dass jidderee zu sengem Recht op wierdeg Wunne kënnt. Dofir ass dee Paradigmewiessel, deen den Henri Kox agelaut huet, richteg. Mir brauchen e staarke Staat, deen abordabelen, ëffentleche Wunnraum schaft. Dofir si mir gréng ugetrueden, an dat setze mir konsequent ëm.
Fir eis Gesellschaft zesummenzehalen ass et wichteg, datt mir Chancëgläichheet garantéieren. Dat gëllt besonnesch bei de Startméiglechkeete fir all Kand an all Jonken. Duerch d’Pandemie ass et an de Schoulen zu grousse Retarden bei enge Rei Schüler komm. Strenge mir eis un, hinnen d’Chance ze ginn, déi nees opzefänken. Mä och eis Schoul huet doriwwer eraus e Roll esouwuel beim Kampf vum Klimawandel, ewéi och beim gesellschaftleche Zesummenhalt ze spillen. Andeems si mathëlleft eis Kanner a Jugendlecher zu engagéierten a kritesche Mënschen ze formen an zu engem respektvollen Ëmgang mateneen a mat der Emwelt ze beweegen.
Mä och dat non-formaalt Leieren, d’Zesummeliewen a Veräiner, ob z.B. Musek oder Sport, spillen do eng wichteg Roll. Als gréng hu mir dobäi net just, mä och an der Pandemie e ganz besonnesche Bléck op d’Kultur. Grad si bréngt Mënschen zesummen, fërdert d’Kreativitéit an de kritesche Geescht. Eng Gesellschaft ouni Kultur ass eng traureg an eidel Gesellschaft. Dat ass déi lescht Méint mat Momenter ganz däitlech ginn. Dofir ass et wichteg, datt mir gréng déi Kulturschafend ënnerstëtzen, déi gesellschaftlech Sensibilitéit fir Kultur héichhalen a jidderengem een Accès zur Kultur erméiglechen.
Gréng als Faarw vum Klima- an Ëmweltschutz - Gréng als Faarw vum Zesummenhalt! Wéi mir dat an den nächste Joren weider konsequent ëmsetze wëllen, doriwwer diskutéiere mir haut och mat eise fënnef Regierungsvertrieder.
Wuelstand secheren
Dir gesitt eisen Haaptplat, dir gesidd dräi grouss Challengen, déi direkt virun eis leien: Eng schwéier Pandemie, eng planetär Kris an eng grouss sozial Fro.
Mä déi gesellschaftlech Verännerungen, déi mir gréng wëlle gestalten a begleeden, gi méi wäit. Fir eis gréng moosst sech de Wuelstand vun eiser Gesellschaft net dorunner, datt de PIB klëmmt, well mir ëmmer nëmme méi produzéieren, just fir et ëmmer méi séier och nees wegzegeheien.
Fir eis gréng heescht Wuelstand net Wirtschaftswuesstem ëm egal wéi e Präis. Scho guer net, wann dee Präis fir déi nächst Generatiounen einfach net méi ze bezuelen ass.
Fir eis gréng mosst sech de Wuelstand vun eiser Gesellschaft dorunner, ob mir et zesumme fäerdeg bréngen, all Mënsch e gutt Liewen z’erméiglechen - iwwerall op der Welt, esouwuel den aktuellen, wéi och de kommenden Generatiounen.
Wuelstand bedeit fir eis méi gesond liewen, an enger gesonder Ëmwelt, mat propperer Loft a propperem Waasser. Dat hu mer besonnesch an deene leschten Méint erëm däitlech gespuert. E Spazéiergang am Bësch huet eis Trouscht gespennt, wann eis doheem de Plafong op de Kapp gefall ass.
Wuelstand bedeit méi Zäit hunn. Fir eis Famill a fir eis Frënn, fir sech selwer ze verwierklechen, fir eis a Veräiner ze engagéieren, fir um politeschen Liewen deelzehuelen, fir och mol ofzeschalten.
Wuelstand bedeit méi Mateneen. Well mir als Menschen den elementare Besoin hunn, eist Liewe mat aneren ze deelen a Léift, Respekt an Unerkennung ze kréien. Mir all hunn de Besoin fir zesummenzekommen, eis an den Arm ze huelen, zesummen ze laachen. Grad elo, no de leschte Méint, gëtt et wuel kee vun eis, deen dat anescht gesäit.
Méi gesond liewen, méi Zäit hunn, méi Mateneen – dat mécht fir eis gréng gutt Liewen aus. Dat ass fir eis dee Wuelstand, dee mir wëlle sécheren.
Dofir geet et net duer, d’Verännerungen, déi besonnesch Digitaliséierung a Globaliséierung mat sech bréngen, just ze erdroen. Dat geet schief! Mir mussen eis all zesummen och déi néideg Moyene ginn an déi Verännerungen an den nächste Joerzéngten duerch een handlungsfäegen, duerch e staarke Staat an déi richteg Richtung lenken.
Bündnispolitik
E staarke Staat eleng geet awer net duer. Mir bauen och op staark Biergerinnen a Bierger an op eng staark Zivilgesellschaft.
An domadder si mir am Kär vun der grénger Identitéit ukomm. Dofir maachen mir gréng Büdnispolitik. Net just well sech bei eiser Grënnung verschidden Biergerbeweegungen zesummegeschloss hunn. Mä well mir der Meenung sinn, dass et een mat gesellschaftlechen Allianzen besser virukënnt. Dës Approche ass esou déif an eisem politeschen Selbstverständnis verankert, dass se bei eisen däitschen Kolleegen esouguer am Numm verankert ass: Bündnis90/Die Grünen.
Büdnispolitik, domadder sinn net just politesch Koalitiounen gemengt. Domadder ass gemengt, dass mir mat deenen schwätzen, déi tatsächelch betraff sinn, dass mir zesummen mat ONGen, mat Veräiner, mat Gewerkschaften, mat Reliounsgemeinschaften zesummen no politeschen Léisungen op d’Erausfuerderungen vun eiser Zäit sichen an ëmsetzen. Dass mir wierklech eng richteg Bierger*innen-Bedeelegung liewen, dat gesäit een ganz gutt iwwerall do, wou mir Politik maachen, an den Gemengen, an der Chamber an am Europaparlament, an net zulescht och an eisen ministeriellen Ressorten.
E Bléck no bannen
Mir haten déi lescht Méint den Tour vun all eise Lokalsektioune gemaach. Fir d’éischt sur place, dono digital. Mir kënne just soen: Et war eis eng immens Freed, fir iech an de leschte Méint ze begéinen a kennenzeléiren. Mir sinn houfreg enger Partei vu Schafferten an Idealisten virzestoen, déi sech Dag fir Dag ustrenge fir grouss Visiounen ze entwéckelen a fir ganz konkret Verbesserungen um Terrain ëmzesetzen.
Mir hunn déi lescht Méint eng Rei Aarbechten ugestouss fir eis Wëssensvermëttlung an den Dialog an der Partei ze verbesseren. Trotz Pandemie. An eiser Partei brauche mir dat. Mir liewe vun der kritescher, awer konstruktiver Diskussioun iwwer eis Politik an eis Inhalter. Sief dat an den Aarbechtsgruppen, dem CEX, der Fraktioun an de Bezierker an an den Sektiounen.
Mä och fir d’Zukunft hu mir nach villes mat iech an der Partei wëlles. Mir wëllen eis Sektioune nach méi ënnerstëtzen, mir wëllen iech als Memberen a Mandataire nach méi fërderen, mir wëllen eis Partei gutt op d’Waljoer 2023 virbereeden.
Am Moment hu mir zesummen de grousse Privileeg, fir an dëser Regierung d’Zukunft vun eisem Land an eisem Planéit gestalten ze kënnen.
Suerge mir zesummen dofir, datt dat och no 2023 esou bleift!