Nei engagéiere fir eis Zukunft

Meng Bewerbungsried um gréngen Europawahlenkongress 2019

Fonfzengdausend Schülerinnen a Schüler zu Lëtzebuerg an Honnertdausenden op der ganzer Welt sinn gëschter zesummen op d’Stroossen gaangen an hunn fir e méi konsequent Virogen géint d’Klimakriis gestreikt.         

Ech sinn houfreg dorop, dass meng Generatioun op d’Strooss geet fir eisen Planéit ze retten. Dass et grad jonk Mënschen sinn, déi dofir streiken ass e kloert Zeechen. Mir sinn déi éischten Generatiounen, déi d’Folgen vum Klimawandel direkt spieren an gläichzäiteg déi läschten, déi nach d’Kéier kréien kann.                                        

Mir erliewen, ewéi den Verloscht vun eiser Biodiversitéit, massiv Ëmweltverschmotzung an extrem Wiederen eis Liewensverhältnisser veränneren. Mir gesinn, ewéi Mënschen weltwäit duerch de Klimawandel hir Liewensgrondlagen verleieren an zur Flucht gezwongen ginn. Aarmut, Konflikter a Kricher ginn vun der Klimakris befeiert.

An dofir ass fir mech och ganz kloer: Dës Klimaprotester sinn och Friddensprotester. 

D’Erausfuerderungen, déi virun eis stinn sinn gigantesch. Wann mir net séier an decisiv handelen, dann kënnen mir d’Verspriechen vum Paräiser Klimaaccord un zukünfteg Generatiounen net halen.  

Mir hunn an der europäescher Unioun an deenen läschten Joer vill Fortschrëtter gemaach, net zulescht weinst dem onermiddlechen Asaz vun eisem gréngen Eurofighter Claude Turmes. 

Mä mir mussen gläichzäiteg eierlech sinn an festellen, dass dës Efforten nach net duerginn. 

Mir mussen d’Aaart a Weis wéi mir wirtschaften fundamental a Fro stellen. An mir mussen kohärent Politik maachen, an allen Beräicher. 

Wei kann et sinn, dass mir an Europa den normalen TVA-Steiersaz bezuelen mussen, wann mir eisen Velo flecken loossen, während keng Steieren fir den Kerosin am Fluchverkeier ufalen?

Wéi kann et sinn, dass Milliarden Steiergelder an den Bau vun neien Atomreakteren gestach ginn an gläichzäiteg ëffentlech Subventiounen an kleng Solarprojeten vun der EU-Kommissioun blockéiert ginn? 

Wann et ëm Klimaschutz geet, dann leien d’Fakten säit laangem op dem Dësch. An d’technologesch Léisungen och. 

De Problem ass net, dass et kee Plang géif gin, fir d’Klimakriis ze léisen.

Mir kënnen den Präis vun Klima- an Emweltverschmotzung erfaassen an den Prinzip vum Pollueur-Payeur iwwerall an Europa duerchsetzen. Mir kënnen massiv an Erneierbar Energien, propper Industrien an eng aner Mobilitéit investéieren. Mir kënnen ambitiéis Energie- a Klimaziiler an der Europäescher Unioun beschléissen! Mir brauchen just de politeschen Wëllen. An mir brauchen just déi richteg Majoritéiten! An dorëms geet et bei dësen Europawahlen. 

Well déi nächst 5 Joer sinn endscheedend dofir, ob mir an Europa d’Kéier kréien a Saachen Klimaschutz. All Joer dat mir verschwenden, all Aktioun, déi mir net huelen kascht eis enorm. Zäit, politesch Credibilitéit, am Endeffekt och Geld.        

An dofir ass och mäin Appell un d’Schülerinnen a Schüler vun Youth for Climate: 

Europa brauch ären Protest! An ären Protest wierkt! En erënnert d’Politik dorun, dass mir eng radikal Ännerung vun der Prioritéitensetzung brauchen.

Loosst iech är Zukunft net méi ewechhuelen vun deenen, déi de Klimawandel verschlofen! Kämpft weider fir är Iwwerzeegungen! Gitt weider op d’Strooss!

Well et ass är Zäit. Et ass är Zukunft! 

Eppes Neies muss ugoen

An gläichzäiteg – léif Frendinnen a Frënn - ass et och eis Zäit. Eis Zäit fir staark gréng Europapolitik ze maachen. 

All déi Honnertdausenden vu Mënschen, déi sech an ganz Europa fir de Klima mobiliséieren, fir d’Meenungsfräiheet am Internet, fir Gläichberechtegung, fir Demokratie a Rechtstaatlechkeet. Si all verbënnt eppes. 

Si all verbennt d‘Gefill, dass eppes Neies ufänken muss. Dass eppes Aales zu Enn geet, awer dat Neit nach keen Numm huet, keen Begrëff, keen Ëmress.

An grad bei villen jonken Leit mecht sech d’Gefill breet, dass d’Politik gefaangen ass an aalen Denkmusteren, an alen Ritualen. 

Ob mir vum Klimawandel schwätzen, vun der Globaliséierung oder vun der Digitaliséierung: et gëtt ëmmer méi oft e Gruef zwëschen den Erwaardungen vun den Leit an den Décisiounen um politeschen Niveau. Et entsteet ëmmer méi oft d’Gefill, dass Europa am Stëllstand gefaangen ass. 

An dowéinst kommen mir an d’Spill. Well dëst Situatioun schon engkéier do war. Dat war déi Zäit, ewéi déi gréng sech gegrënnt hunn. Och deemols huet d’Politik et net gepackt, gesellschaftlech Bedürfnisser an Ängscht opzehuelen. Och deemols huet d’Politik et net gepackt, den legitimen Erwaardungen vun de Leit gerecht ze ginn.

Déi Mënschen, déi deemols op d’Strooss gaangen sinn, hunn sech keng Angscht maachen geloos. Se sinn net verzweifelt. Am Ufank hunn se protestéiert. An duerno hunn se dësen Protest mat Courage an Optimusmus an konstruktiv Politik ëmgewandelt. 

Zoustand vun eiser Unioun

An genee dësen Courage an dësen Optimusmus ginn haut méi dringend wéi je gebraucht.         

Well längst net alles leeft ronn an eiser Unioun. Mat Groussbritannien verléieren mir wahrscheinlech fir d’éischten Kéier an eiser Geschicht e Memberland. Europa gëtt fir d’éischten Kéier méi kleng. D’Geschicht vum Brexit ass virun allem eng Geschicht vun Verzweiflung, vun Haass a vu Spaltung. 

Se weist, ewéi bëllegen Populismus mat falschen Verspriechen e Land a seng Biergerinnen a Bierger an de Chaos stierzen kann. Se weist awer och, dass ëmmer méi Leit d’Hoffnung verléieren, dass Europa an hirem Sënn schafft.  

Sozial an ökonomesch Ongläichgewiichter loossen d’Liewensverhältnisser innerhalb vun Europa wäit auserneendriften. Mir hunn en schamlosen Räichtum op eisem Kontinent. An mir hunn gläichzäiteg eng Aarmuut déi hei zu Lëtzebuerg op ville Plazen nach onsichtbar ass, mä mëttlerweil a ganz Europa ëmmer méi eklatant gëtt. Dat alles suergt dofir, dass sech Frust an Ofstiegsängscht breed machen. 

An ganz Europa gëtt et politesch Kräft, déi dëst Verzweiflung wëllen notzen fir eis Unioun ze zerstéieren. Fir si ass Europa e verhaasstent Symbol fir eis oppen Gesellschaft, de Rechtstaat an eis Grondrechter. All dës Errungenschaften sinn an den Europäeschen Verträg geschützt. All dës Acquisen stellen si haut a Fro.                              

Ënnert dem Prétext, sech fir d’Suergen vun den sougenannten „klengen Leit“ ze interesséieren, dreiwen si eng radikal neoliberal Agenda virun an maachen am Endeffekt Politik am Interesse vu mächtegen Lobbyen. Ënnert dem Deckmantel vun der „Kompetitivitéit“ an vun der „Moderniséierung“ kämpfen si fir d’Schläifen vun eisen sozialen Standarden an vun eisem Ëmwelt- a Gesondheetsschutz. 

Se schwätzen vun engem Europa vun den Natiounen, an mengen domadder den Retour zu alen Muechtstrukturen, alen Denkweisen an virun allem alen Äntwerten. 

Wuelstand schaafen an verdeelen 

Wen nei Äntwerten op dëst Gefill vun Entfriemung liwweren wëll, muss de Courage hunn, d’Widderspréch vun eiser Zäit kloer opzeweisen. An den Optimismus, nei Visiounen opzezeechnen.

Meng Generatioun wëll net an enger Welt liewen, an där de Wuelstand um Reck vun den aneren erwirtschaft gëtt an ongläich verdeelt ass. An där den Grondsaz gëllt, dass wann jiddereen u sech denkt, u jiddereen geduecht ass. 

Losst eis dofir zesummen e neit Kapitel an der europäescher Integratioun schreiwen an fir eng richteg europäesch Sozialpolitik streiden. 

Mir mussen Biergerinnen a Bierger an Europa virun Aarmut und Ausbeutung schützen. Mir mussen Loun- a Sozialdumping konsequent bekämpfen. Dofir brauchen mir europawäit sozial Mindeststandarden an en europäeschen Mindestloun. An mir brauchen eng Europäesch Aarbechtslosenversecherung, déi Leit opfänkt, wann se a Schwieregkeeten geroden.

Fir all dëst ze fiannzéieren mussen mir dofir suergen, dass jiddereen säin fairen Bäitrag fir d‘Sozialsystemer leescht. Dat gëllt besonneg fir déu Ultraräich an fir grouss Multinationalen, déi sech hirer sozialer Verantwortung ze oft entzeien. 

Digitaliséierung sozial-ökologesch gestalten

Wann mir d’sozial Kohäsioun an Europa stäerken wëllen, dann mussen mir awer och dringend den digitalen Wandel gestalten.  

D‘Digitaliséierung huet déifgräifend Verännerungen an eiser Gesellschaft ausgeléist. Mat Erschrecken stellen mir fest, dass es verschidden gesellschaftlech Sphären gëtt, déi niewendeneen existéieren, awer ëmmer weineger mateneen a Kontakt kommen. Sougenannten Filterbubbles, an deenen mir mat Gläichgesennten liewen an eis vun Aneren ofschotten. 

Fir et mat den Wiedern vum bulgareschen Philosoph Ivan Krastev ze soen: Mir liewen an enger ëmmer méi staark vernetzter, awer ëmmer manner integréierter Welt.

De Mënsch gëtt zum Objet vum Fortschrëtt, seng perséinlech Daten – an domadder seng perséinlech Geschicht – ginn zur Ressource um Weltmarché. Se ginn zum Beispill dofir genotzt, eis individuell zougeschneidert Reklammen am Internet unzebidden. 

Wa Fräiheet bedeit, de Choix ze hunn, dann gëtt se am digitalen Zäitalter manipuléierbar. Wann Fräiheet an gläich Rechter d’fundamental Prinzipien vun eiser europäescher Demokratie sinn, dann fuerdert eis d’digital Zäitalter eraus, hir Erhalung nei ze denken. 

D’Äntwert op d’Digitaliséierung kënnen net just ëmmer nei individuell Upassungsleeschtungen sinn. Nom Motto: wen iegendswann d’Schlappen verléiert, hat eben Pech. 

Vill méi mussen mir zesummen diskutéieren an decidéieren, wéi mir individuell Emanzipatioun am digitalen Zäitalter garantéieren kënnen.   

Dofir brauchen mir Europa. Mir brauchen staark europäesch Reegelen an virun allem brauchen mir eng Politik, déi dem digitalen Wandel net hannedrun rennt, mä déi den Usproch huet, dësen Wandel ze gestalten. 

A mir gréng erhiewen dësen Gestaltungusproch. Dat hunn mir an deenen läschten fënnef Joer däitlech gemaach. Et waren zwee Grénger, den däitschen Europadeputéierten Jan Philipp Albrecht an eisen Felix Braz, déi nei europäeschen Datenschutzstandarden op den Wee bruecht hunn. Domadder sinn mir an Europa Virreider wann et ëm den Schutz vun eisen perséinlechen Daten geet. 

Mät dem selweschten Engagement mussen mir elo weiderfueren. 

Mir mussen secherstellen, dass digital Entreprisen déi selwescht Reegelen anhalen ewéi hir „traditionnell“ Konkurrenten. Mir brauchen streng Kontrollen an staark Sanktiounen fir secherzestellen, dass digital Grousskonzerner Steieren bezuelen a sech un d’Gesetzer halen.

Mir mussen konsequent virgoen géint illegitim Aflossnahm vu baussen - ewéi se beim Brexit-Referendum oder bei den Präsidentschaftswahlen an den USA festgestallt goufen. Dofir brauchen mir eng staark Europäesch Digitalagence, streng Reegelen fir politesch Werbung an fir den Asaz vun Bots. 

A mir mussen d‘Informatiounsrechter vun den Biergerinnen a Bierger a puncto Algorithmen stäerken. Well jidderee vun eis huet e Recht, genee novollzéien ze kënnen, ewéi automatiséiert Entscheedungen getraff ginn, op Basis vun weieng Donnéen Facebook mir Reklammen uweist, asw.  

An enger Zäit an där den digitalen Kapitalismus am Moment alles a Wert setzt, muss eist politescht Verständnis méi wäit goen. Mir mussen nei Garantiesystemer entweckelen, déi beispillsweis Kreaitivitéit, Fräiheet, Liewenszefriddenheet, Aarbecht am digitalen Zäitalter schützen. 

Europa vun den Häerzer

Zum Schluss wollt ech nach iwwert e Sujet schwätzen, den mir perséinlech besonneg um Häerzen läit: d’Europäesch Migratiounspolitik. Och wann haut erëm manner vun dem Sujet geschwat gëtt, huet en fir mech ne tun politescher Aktualitéit verluer. 

Dass ech haut hei virun iech stinn, ass a gewësser Hisiicht e groussen Glecksfall. Am Joer 1991 – dem Joer an dem ech zu Belgrad gebuer gouf – hunn sech nom Zesummenbroch vum sozialisteschen Yugoslawien d’Konflikter um Balkan séier vervillfacht an sollten Joren undaueren. 

Well d’Liewen an enger Krichsregioun keng besonneg villverspriechend Perspektiv fir hirt Kand war, hunn meng Elteren decidéiert, hir Heemescht ze verloossen, sech op den Wee an den Westen ze maachen an op Lëtzebuerg ze kommen.  

Wat e Gleck, dass meng perséinlech Migratiounsgeschicht sech virun elo bal 30 Joer ofgespillt huet. Wat e Gleck – opmanst fir mech perséinlech. 

Well de Wee an d’Europäesch Unioun iwwert de Balkan ass säit 2016 zou. Mam trauregen Resultat, dass Dausenden Mënschen op méi geféierlechen Routen an d’EU hiert d’Liewen loossen. An dass Zengdausenden an iwwerfëllten Lageren op griechecheschen Inselen ënnert katastrophalen Bedengungen festgehalen ginn. 

Gedriwwen vun rietsen Populisten gouf an den läschten Joeren sou munches verbrach an der Europäesch Migratiounspolitik. 

Wann an Italien e Buergermeeschter festgeholl gëtt, nëmmen wëll en Flüchtlingen bei sech am Duerf opgeholl huet. 

Wann an Ungarn Fräiwëlleger mat zwee Joer Prison rechnen mussen, nëmmen well se Menschen op der Flucht hëllefen. 

Wann an Malta e Kapitän viru Geriicht gezerrt gëtt, nëmmen well en Mënschen am Mëttelmier virum Erdrenken gerett huet. 

Dann leeft eppes fundamental schief.

Dat ass net dat Europa, dat ech gäer hunn. Dat ass net dat Europa fir dat mir gréng stinn. 

Mir stinn fir en Europa, dat Menschen Schutz bidd, déi virun Krich, Honger, Verfolgung a Gewalt flüchten mussen. Mir kämpfen fir en Europa dat legal Migratiounsweeër bidd an Menschen op der Flucht en menschenwierdegen Accueil assuréiert. 

Fir en Europa vun der Humanitéit. Vun der Solidaritéit. Fir en Europa vun den Häerzer! 

Conclusioun

 An genee dorëms geet et an dësem Europa-Wahljoer 2019. Nie war d’Zukunft vun eiser Unioun esou onsecher ewéi haut. 

Fällt eisen Kontinent zreck an den Nationalismus? Kapituléiert d’Politik firun den Erausfuerderungen vun eiser Zäit?

Oder kann Europa säin Verspriechen op Fridden, Fräiheet an Wuelstand erneieren? 

Et hänkt elo entscheedend vun eisem Asaz of, an weieng Richtung d’Europäesch Union sech weiderentweckelt. 

Reng Lëppenbekenntnisser ginn net méi duer. Mir mussen eis nei engagéieren fir eis Zukunft. Mir mussen eis nei engagéieren fir eist Europa.

Meris Sehovic